Am schéinen Salzburgerland zu Eben am Pongau an deem flotten Jugendhotel Lindenhof wäerten mir zesummen mat dir eng flott Fuesvakanz verbréngen! Mat vill Schnei an Schifueren An der Ski Amadé kanns du op méi ewéi 120 km Pisten deng Schi Kenntnisser verbesseren. Och als Ufänger bass du hei beschtens opgehuewen, an enger vun den Schi Schoulen deng éischt Schrëtt op den Schier den Bierg erof ze erfueren! An et wier net Fuesvakanz wann mer net och eng Fuesparty géifen schmäissen. Mell dech un, an komm mat ons an den Schnéi!